Choose your language:

 

Lëtzeb. Deutsch English Français

 

 

     
     
  Ech greissen Iech....          

 

Ob menger Sait fand Dier Informatiounen iwert:

Meng Fire-Performance... Fotoen,Videos, Optretts-Kalenner

Meng Deiercher

Verschidden Links

E puer perseinlech Infos an wei Dier mech kontakteiren kënnt

An natierlech mein Guestbook, wou ech mech geif freen, wann Dier mir eppes geift dranschreiwen.

     
 

Ech haalen och Viertreeg iwert Vullespannen fir Schoulklassen. Dat ganzt ass sou obgebaut, dass et fir d'Kanner ganz interessant ass an net langweileg get. An meeschtens ass et no engem klengem Discours sou, dass d'Froen ganz vum selwen kommen. Desweideren brengen ech ongefeier eng Dozen Vullespannen mat, dei sech d'Kanner an Rouh unkucken kennen. Bei Interessen kennt Dier mech gären kontakteiren:

 

e-mail: fire@maniac.lu         Handy: 661 810 919

 

Hei kennt Dier mir och direkt eng Nooriicht schecken:

 

 

 

 

News:

 

19.01.12
  SONDERAKTIOUN

 

  Brachypelma Paket fir 25€:

 

  0.0.1 Brachypelma albiceps - NZ 01/2011

  0.0.1 Brachyelma vagans - NZ 06/2011  

  0.0.3 Brachypelma albopilosum - NZ 05/2011

 

 

28.10.11 BLUE OCTOBER:

 

Ob menger BLUE OCTOBER Sait hunn ech neien Punkt beigesat:

 

Blue October, Live in Luxembourg, 22/11/2011

 

Do fand Dier Fotoen vum Concert am Atelier.

 

E groussen Merci geht un

 

Tom Di Maggio

www.tomdimaggio.org

 

an

 

Dan Thuy

www.concertgallery.lu

 

dei mir hieren Accord ginn hunn, fir hier Fotoen ze benotzen. Klickt ob d'Plakat fier direkt ob meng Blue October Sait ze kommen:

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Desweideren fand Dier nei Fotoen an Punkt "Biography".

 

Klickt ob d'Foto fir direkt dohinner weidergeleet ze ginn:

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Desweideren fand Dier nach den Artikel, deen den 26/11/2011 am Wort war:

 

 

 

     
06.10.11 Nei Fotoen an menger Vullespannen-Slideshow

 

     
05.10.11 An nees e puer nei Fotoen an menger Vullespannen-Slideshow

 

 

     
04.10.11 Nei Fotoen an menger Vullespannen-Slideshow

 

Ech hunn e puer nei Fotoen an menger Slideshow vun de Vullespannen. All dei Vullespannen, dei Dier an der Slideshow gesidd, sinn meng eegen.

 

 

 

     
28.09.11 Avicularia amazonica Kokon:

 

Seit dem 26.09.2011 hunn ech en Avicularia amazonica Kokon.

Ufangs Dezember missten sie dann an der 1. FH sinn an kennen dann oofgeholl ginn.

 

 

 

 

05.09.11  

BLUE OCTOBER Soundcheck Party -

 

Tickets fir Lëtzebuerg:

 

 

 

 

02.09.11

BLUE OCTOBER

Nei Videos "The Feel Again (Stay)" and "The Chills" online an der Blue October Video Section:

 

 

     
01.09.11

BLUE OCTOBER

"ANY MAN IN AMERICA" Official Album teaser and TOUR DATES 2011:

 

     
31.08.11

Nei CD "Any Man in America" vun BLUE OCTOBER an den Billboard Charts:

 

"Any Man in America" ass direkt no der Veröffentlechung, den 16. August 2011, an TOP 10 vun den "Billboard-Charts" geklommen an steht am Moment ob Nummer 1 vun den "Rock Albums" an "Alternative Albums"

 

Dofir: Onbedingt an d'CD eranlauschteren an kaafen.

 

 

An net vergiessen: BLUE OCTOBER ass den 22. November 2011 zu Lëtzebuerg am Atelier.

 

 

 

     
29.08.11 BLUE OCTOBER Music-Player online:

 

Ob menger BLUE OCTOBER-Sait hunn ech nach en Music-Player vun der offizieller BLUE OCTOBER Homepage verlinkt, deen eng Selectioun vun BLUE OCTOBER Lidder spillt.

 

Einfach ob  de Button "Click here to listen to a selection of BLUE OCTOBER Songs" klicken.

 

Wann Iech d'Musik gefällt, dann ennerstetzt BLUE OCTOBER andeems Dier hier CDs kaaft.

 

Klickt ob d'Härz fir direkt ob meng BLUE OCTOBER-Sait ze kommen.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

10.08.11 Neien Zeitungsartikel online:

 

Grenzenlos-Zeitungsartikel vum Februar ass lo online an der Foto-Galerie enner "Zeitungsartikel"

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

10.08.11 Neit Guestbook an nei Photo-Slideshow online:

 

Vu, dass mech dat aalt Guestbook immens genervt huet, well emmer dei blöd Reklammen koumen, hunn ech mech e bessen amüseiert an en neit Guestbook online gesat. Alles, wat an deem aalen Guestbook stung, ass nach emmer ze gesinn.

 

Desweideren hunn ech nach eng nei Photo-Slideshow dropgesat:

Fehlen, den 5. August 2011

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

09.08.11  

 

 

 

 

07.06.11 Demnächst bei mir ze kreien:

 

Avicularia Blue velvet NZ 08/2011

 

 

 

 

     
01.06.11 En neien Menu ass lo online: BLUE OCTOBER

Hei fand Dier e puer kuerz Infos iwert Blue October, Discography, Videos an Links zum BLUE October Shop, zur offizieler Homepage an zum daitschen Fanclub.

 

An menger Video-Gallery hunn ech e bessen emgebaut. Do sinn lo 2 Player.

 

01.03.11

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

15.02.11

Den 16. Februar kennt en Porträt vun mir an mengen (anscheinend e bessen ausgefaalenen) Freizeit-Beschäftegungen am MAGAZIN um 19:00 Auer bei RTL LETZEBUERG.

 

Den 17. Februar sinn ech dann live an der Emissioun 20vir mam Olivier Catani um 18:40. Mat dobai... natilech e puer vun mengen Achtbeener....

 

     
31.01.11 NET VERPASSEN:

 

E gudden Kolleg an bekannten Vullespannenziichter ass de Samsden, den 5. Februar an der Sendung hundkatzemaus bei VOX.

 

 

 

24.01.11

 

GRENZENLOS

 

Ufangs Februar kennt dei nei Ausgab vun der Zeitung GRENZENLOS an den Handel.

 

Des Keier ass och en Artikel vun 2 Saiten iwert mech an meng Vullespannen dran.

 

Dofir, net verpassen... ;-)

 

Dir fand d'Zeitung zum Preis vun 3,49 € an all Zeitungsbuttek.

 

An ech geif mech freen, wann Dier duerch den Kaaf vun der Zeitung eng jonk an dynamesch Equipe ennerstëtzt, dei sech all Meih get, fir eng flott an modern Zeitung erauszebrengen.

 

     
  16.12.10

 

Rentnerfeier - Oberkorn 7. - 9.12.2010

 

D'Fotoen vun der Rentnerfeier zu Uewerkuer sinn online.

Et war e flotten Optrett, mat engem Super Publikum, dem et anscheinend gudd gefall huet. Absoluten Highlight fir mech: Meng Mamm war och do an huet et dei eischte Keier gesinn.

 

 

 

E grousse Merci un:

 

Françoise Antinori, dat alt nees Reklame fir mech gemacht huet.

Nadine Breuskin,  fir den Optrett.

Serge Bausch, fir Musik an Beliichtung.

Camille Ney, fir d'Moderatioun an dofir, dass hien meng Mamm ob d'Bühn bruecht huet.

Claude Piscitelli, fir d'Fotoen.

Dei 3 jonk Männer, dei mir gehollef hunn.

Pompjéen vun Deifferdeng, dei alles am Grëff haten

De Publikum, deen einfach nemmen genial war.

An natierlech meng Mamm, dei frouh war, wei et eriwer an gudd gelaaf war.

 

07.12.10

 

 

 

Brachypelma albiceps

 

Leschten Samsden hunn ech zesummen mam Helmut Manstein an Boris Striffler den Kokon erausgeholl.

Gudd 1000 Larven waren am Kokon.

Wien un Brachypelma albiceps  interesseiert ass, muss sech nach bis Februar gedellegen. Dann ereischt wärt ech dei eischt dovunner oofgin.

 

Kuckt an menger Rubrik "Vullespannen ze verkaafen"

 

08.11.10

 

 

 

Brachypelma albiceps Kokon-Bau

 

Leschten Dënschden huet eent vun mengen Brachypelma albiceps Weibecher e Kokon gebaut.

An engem Mount wärt ech en eraus huelen. Also wann dann een interesseiert ass un B albiceps Slings, ech wärt der genuch hunn.

 

 

  09.10.10

 

 

 

FOTO SESSION - 09.10.2010

 

Geschter haten den Chris an ech eng Foto Session mat 3 Fotografen.

Wat dobai eraus komm ass, kennt dir an menger Foto Galerie gesinn.

Et wärten wuehl och nach e puer Fotoen nokommen, soubaal ech se kritt hunn.

 

 

  29.09.10

 

 

 

 

De Video vun der "RAMMSTEIN Night", den 25. September am DOUBLE DEUCE zu Foetz ass online an menger "Video Galerie"

 

Vill Spass domadder

 

     
15.09.10

 

 

 

DEN NÄCHSTEN OPTRETT:

 

 

Samsdes, den 25. September 2010:

 

Am DOUBLE DEUCE zu Foetz

 

Zesummen mat 2 aaneren Feierspeitzer

     
11. August

Dei lescht Optretter waren zimlech unstrengend an et waren der och zevill an ze kuerzer Zait. Et ass un der Zait, mei lues ze machen. Ech wärt net mei alles kënnen unhuelen. Mee Dier kennt mech emmer nach kontakteiren an nofroen.

 

Desweideren wärt ech demnächst mol meng Rubrik vun den Vullespannen embauen an erweiteren. Enner aanerem kennt dann och eng Rubrik fir den Verkaaf vun Vullespannen dobai. Eng ganz Reih Vullespannen sinn verpaart an ech warden ob Kokons.

 

 

6. Juni

DEI NÄCHST OPTRETTER STINN FEST:

 

 

Sonndes, den 4. Juli 2010:

Fondatioun Kriibskrank Kanner

Privat Feier

 

 

Freides, den 9. Juli 2010:

Escher Schoulfest

Optrett um 16:00 an 19:00 Auer

 

 

Samsdes, den 10. Juli 2010:

Blues Express um Fond-de-Gras.

Zesummen mat den Funky Barrils.

Insgesamt 3 Optretter. Verpasst net deen um Metternuecht.

 

4. Juni

4., 5. an 6. Juni: HARLEY DAVIDSON TREFFEN zu LAROCHETTE:

 

 

D'FUNKY BARRILS treiden nees ob.

An zwar den 5. Juni 2010 um Harley Davidson Treffen zu Larochette. Ech sinn och nees mat vun der Partie an wärt während hierer Performance Feier speitzen. Wann Dier et nach nie gesinn hut, dann ass den 5.Juni d'Geleegenheet eng flott Drum-Performance ob Uelleg-Fässer ze erliewen, mat genuch Feier...

1. Optrett: 17:00 Auer

2. Optrett: 19:00 Auer

Viellaicht bis muer dann.

 

Leif Greiss

Maniac

 

 

25. Abrell Nei Slideshow an menger Foto-Galerie: Télévie zu Strossen, den 24.04.2010

 

 

18. März Wann et fir e gudden Zweck ass, sinn ech emmer frouh wann ech kann matmachen. D'lescht Jöer sinn ech fir d'Fondatioun "Kriibskrank Kanner" obgetrueden an ech hoffen, dass ech dest Joer och nees kann dobei sinn. Den 24. Abrell trieden ech beim TELEVIE zu Stroossen ob. Klickt ob d'Bild fir weidergeleet ze ginn ob de Programm vun deem Daag. Ech wier frouh, wann dier geift kommen an des Aktioun ennerstëtzen.

 

 

 

20. Februar An menger Video-Galerie ass en neien Video. D'Haitung vun menger Chromatopelma cyaneopubescens:

 

Desweideren hunn ech eng nei Foto-Slideshow beigesat. Fotoen vun mengem Terrarien-Zemmer fand Dier hei:

 

 

 

13. Januar

Am Moment ass et roueg... Keng Optretter... Bei deem Wieder wier dat wuehl net ganz einfach... :-)

Ech hunn mol d'RTL-Sendung KLOERTEXT vum 13.12.2009 online gesaat, wou de Jeff aus dem terraristik-forum.lu an ech (an en Deel vun eisen Deiercher) inviteiert waren. Dier fannt de Video an menger Video-Galerie. Et sinn 3 Deeler. Vill Spass.

 

 

02. Januar BLUE OCTOBER kennt den 11. März ob Lëtzebuerg an den Atelier.... E Concert, deen een eigenlech net soll verpassen. Klickt ob d'Foto fir weidergeleed ze gin ob den Site vum ATELIER an Tickets ze bestellen:

 

 

 

20. Oktober

De Wanter kennt sou lues. Dat heescht: Keng Optretter mei mam Feier fir mech. Mee fir all dei, dei et wëllen gesinn, hei ass dei bescht Geleegenheet: Den 5. Dezember trieden ech geint 20 Auer zesummen mat den FUNKY BARRILS an der Sportshaal zu Uewerkuer ob... Endlech mol eng Meiglechkeet et an enger Haal ze machen...

 

16. Oktober

 

 

Ech hunn virun e puer Deeg meng 2 Riesenvullespannen dobei gefilmt, wei sie sech hiert Fudder (lieweg Meis) gefangen an erluecht hunn.... Normalerweis geif ech dat hei ob meng Sait an d'Videogalerie setzen, mee des Keier trauen ech mech net, well sech bestemmt Leit geifen beschweiren an ech och net wees ob ech nach soll eng Keier machen. Ech hunn et ob Unroden vum Verkeefer gemacht mee ech mengen, dass se an Zukunft nach just Kakerlaken kreien.

 

Well ech lo net wëll, dass jiddereen dat doten kann kucken ouni virdrun gewarnt ze sinn, hunn ech se bei rapidshare gesat. Ween et well gesinn, dee kann se do erooflueden, mee ech well iech just warnen, dass et naischt fir sensibel Leit ass. Mee dat hei ass de Beweis, dass et definitif keen Kuscheldeier ass. Riesenvullespannen sind zumools vun Ufänger ganz begehrt weinst hierer imposanter Greisst an dono get deen meeschten reischt bewosst, dass sie sech e klengt Monster an d'Haus geholl hunn, wat hinnen awer onheemlech get.... P.S.: Ech huelen iech se gären oof... :-)

 

Einfach ob d'Fotoen klicken:

 

 
Theraphosa blondi

 

 

  Pamphobeteus antinous

 

29. September

Den Justin Furstenfeld an ech nom Concert vun BLUE OCTOBER, den 28. September 2009 zu Köln. Klickt op d'Foto.

 

 

20. September Den Video vum Optrett zu Lasauvage, den 6. September 2009, um Oldtimer-Meeting zesummen mat den FUNKY BARRILS ass lo online. Kuckt enner "VIDEO GALERIE". D'Sait "MENG DEIERCHER" ass och iwerschafft. Et sinn nach net all Vullespannen detaileiert drop. Kennt nach, mee se mussen nach wuessen.

 

5. September: Den 6. and 7. September treiden ech nees  zesummen mat den FUNKY BARRILS um  Oldtimer-Meeting zu  Lasauvage ob.  Wann  Dier Zait an Loscht  hutt,  kommt einfach mol laanscht kucken